Ëm wat geet et genee?

De Staat ënnerstëtzt de Formatiounseffort vun den Entreprisen, andeem hien eng Bäihëllef fir de Finanzement vun hirem Formatiounsplang ubitt.

Dës steierflichteg staatlech Bäihëllef, déi sech op 15% vum investéierte Joresbetrag beleeft, ka vun Entreprisen aus dem Privatsecteur ugefrot ginn, déi legal zu Lëtzebuerg etabléiert sinn an haaptsächlech hei hir Aktivitéiten ausüben.

Eng Erhéijung ëm 20% fält u bei de Lounkäschte vu Participanten, déi kee vun de staatlechen Autoritéiten unerkannten Diplom an eng Anciennetéit < 10 Joer hunn a vu Salariéen, déi zum Zäitpunkt vum Ëmsetze vum Formatiounsplang vum Betrib iwwer 45 Joer al sinn. Den Investissement an d'Formatioun ass a Funktioun vun der Gréisst vun der Entreprise plafonnéiert.

Den INFPC iwwerpréift d'Kofinanzementsdemanden am Optrag vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend.

Accès op den Dispositif fir de Kofinanzement iwwer d'Plattform lifelong-learning.lu

De Kofinanzement vun der Formatioun am Betrib ufroen

D'staatlech Bäihëllef fir d'Formatioun an de Betriber ass u verschidde Konditioune gebonnen. Betriber, déi dës Bäihëllef an Usproch huele wëllen, mussen eng Kofinanzementsdemande areechen.

Den INFPC begleet d'Entreprisen, déi eng staatlech Bäihëllef fir d'Formatioun an de Betriber ufroen.

Fir den Dispositif vun der Kofinanzéierung besser ze erfaassen an ze verstoen, stinn Iech en Tutorial-Video an e Simulator fir d'Berechnung vum Kofinanzement zur Verfügung.

Dir fannt d'Kofinanzementsdemande, de Simulator an den Tutorial-Video op der Plattform lifelong-learning.lu

Den INFPC organiséiert an Zesummenaarbecht mam Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend a mat de Beruffschamberen Informatiounsveranstaltungen iwwer de Kofinanzement.

Sech an eng Informatiounsveranstaltung iwwer de Kofinanzement vun der Formatioun an de Betriber aschreiwen

Analys vun Ären Kofinanzéierungsdemanden

D'Instruktioun besteet aus enger Analys vun der Konformitéit, um qualitativen an um quantitative Plang, an a Bezuch op déi gesetzlech festgeluechten Eligibiliéitskrittären.

Den INFPC ënnerbreet der Commission consultative d'Schlussfolgerunge vu sengen Analysen. Dës Kommissioun formuléiert en Avis a gëtt deen un de Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend (MENJE) weider. De Ministère decidéiert dann, ob d'Bäihëllef accordéiert gëtt.

All Joer gi ronn 2.000 Kofinanzementsdemandë beim INFPC beaarbecht.

D'Entreprise schéckt hir Kofinanzementsdemande bannent de virgeschriwwenen Delaien un den INFPC. Den INFPC analyséiert d'Konformitéit vun der Demande a freet, wann néideg, zousätzlech Informatioune bei der Entreprise un. Dono schéckt den INFPC d'Schlussfolgerunge vu sengen Analysen un d'Commission consultative, déi en Avis formuléiert an dësen un de Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend weiderschéckt. De Ministère decidéiert, ob d'Bäihëllef accordéiert gëtt, an informéiert d'Entreprise iwwer d'Entscheedung.
De Parcours vun enger Kofinanzementsdemande

Un der Informatiounsveranstaltung an der Formatioun iwwer de Kofinanzement deelhuelen

Informatiounsveranstaltung

Den INFPC organiséiert an Zesummenaarbecht mam Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend a mat de Beruffschamberen Informatiounsveranstaltunge vun enger Stonn iwwer de Kofinanzement vun der Formatioun an de Betriber.

Des Veranstaltunge riichte sech un Entreprisen aus dem Privatsecteur, déi zu Lëtzebuerg etabléiert an haaptsächlech hei aktiv sinn. Si vermëttelen en Iwwerbléck iwwer den Dispositif vun de staatleche Bäihëllefe fir d'Formatioun vun de Mataarbechter.

Sech fir eng Informatiounsveranstaltung iwwer de Kofinanzement umellen

Formatioun

Den INFPC proposéiert d'Formatioun "Kofinanzement vun der berufflecher Weiderbildung", déi sech u jiddweree riicht, deen an der Entreprise fir d'berufflech Weiderbildung zoustänneg ass.

D'Formatioun leeft iwwer e ganzen Dag a vermëttelt fir d'éischt eng theoreetesch Basis, déi et erlaabt, am Kader vun engem praktesche Beispill d'Prozedur fir den Zougang zum Kofinanzement nozevollzéien.

Sech fir d'Formatioun iwwer de Kofinanzement via lifelong-learning.lu umellen

Säi Formatiounsplang opstellen

Eng Entreprise muss hir Ziler a puncto Entwécklung a Performance erreechen. Si muss dofir suergen, datt si zum richtegen Zäitpunkt iwwer kompetent a motivéiert Mataarbechter verfüügt. Duerch d'Schnellegkeet vum technologesche Fortschrëtt an déi zouhuelend Konkurrenz sinn d'Entreprisë gezwongen, sech permanent weiderzëentwéckelen.

D'berufflech Weiderbildung ass en onëmgänglechen Hiewel, fir d'Kompetenze vun de Mataarbechter un d'Ufuerderunge vun hirem Beruff, dee konstant evoluéiert, unzepassen. D'berufflech Weiderbildung fërdert deemno, elo an an Zukunft, d'Gläichgewiicht tëschent de Besoinen u Kompetenzen an de Ressourcen an der Entreprise.

De Formatiounsplang strukturéiert an organiséiert d'Formatiounsprojete fir d'Salariéen an der Entreprise um qualitativen an um quantitative Plang: Wat sinn d'Ziler? Wien ass d'Zilgrupp? Wéi eng Dauer? Wéi eng Formateuren? Wéi e Budget? De Formatiounsplang gëtt a verschiddenen Etappen opgestallt: Analys vun de Formatiounsbesoinen, Organisatioun vun de Formatiounen, Evaluatioun an Nëtzlechkeet an der Aarbechtssituatioun.

Entdeckt d'Formatiounen zum Theema Formatiounsplang, déi op lifelong-learning.lu ugebuede ginn

De Staat ënnerstëtzt de Formatiounseffort vun den Entreprisen, déi zu Lëtzebuerg etabléiert sinn, mat enger finanzieller Bäihëllef fir d'Formatioun vun hire Salariéen. Dës steierflichteg Bäihëllef beleeft sech op 15% vum Joresbetrag, deen an d'Formatioun investéiert gëtt. Fir dës staatlech Bäihëllef ze kréien, mussen d'Entreprisen eng Kofinanzéierungsdemande, déi u verschidde Konditioune gebonnen ass, areechen.

D'Tendenze vun der Formatioun an de Betriber

D'Entreprisen, déi eng staatlech Bäihëllef fir de Finanzement vun hirem Formatiounsplang ufroen, investéieren 1,1% vun hirer Lounmass an d'Formatioun. D'Salariéë suivéieren am Duerchschnëtt 4,1 Formatioune mat enger Dauer vun 3,2 Stonnen an d'finanziell Bäihëllef vum Staat beleeft sech op 122 Euro pro Salarié.

A senger neier Publikatioun analyséiert de Formatiouns-Observatoire d'Formatiounsaktivitéite vun de Betriber, déi fir d'Geschäftsjoer 2020 eng staatlech Bäihëllef fir d'berufflech Weiderbildung ugefrot hunn.

All d'Informatiounen iwwer d'Formatiounspraktilen an de Betriber consultéieren